28 Sep 2015

Hotspot mat coolem Sushi

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Op där nei amenagéierter Brillplaz zu Esch/Uelzecht herrscht op dësem héichsummerleche Mëtteg eng mediterran Stëmmung. Mir sëtzen am “Oishii”, engem japanesche Bistro, deen ufanks Summer 2015 opgemaach huet. Lounge-Musek, op der klenger Terrass ass Bambus, deen am Wand raschelt, um Teller de Mëttesmenü, deen aus enger Zopp, Sushi an enger klenger Zalot besteet.

Wie Sushi net gär huet, kann hei awer eppes fannen, well am Oishii ginn et och aner asiatesch Platen. Owes verwandelt sech den Oishii zu engem styleschen Hotspot. D’Offer an der Bar ass grouss a bei engem Cocktail, an enger Ambiance mat spannendem Liichtdesign a cooler Musek ass de Schaffdag séier vergiess.

Et deet sech eppes zu Esch… Den Oishii ass eng vu ville Plazen, déi am Moment frësche Wand an déi zweetgréisst Stad vu Lëtzebuerg bréngen.

Good Idea : Eng Plaz mat Garantie op Entspanung, matten an der längster Foussgängerzon vum Land!
Dir kënnt Äert Iessen online bestellen an an de Restaurant siche goen. E Liwwerservice soll deemnächst och ugebuede ginn.

Oishii Japanese Bistro


Place du Brill
L-4041 Esch-sur-Alzette

 +352 20 60 60 20

 info@oishii.lu
 
 Méindes bis sonndes vun 12 bis 14 Auer, a vun 18 bis 22 Auer (freides a samschdes bis 23 Auer).
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché