27 Jul 2012

La table du Belvédère

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Huelt Iech Plaz an der “Table du Belvédère”! D’Philosophie vum Restaurant: Authentesch Platen (Bistroskichen) an exzellent Wäiner fir agreabel Präisser. Kéis an Desserte kënnt dir Iech vun engem Zerwéierwon beim Dësch eraussichen. Traditionnell Fassonge fir ze kachen, wéi dëmpen oder mat enger Salzkrust – wat jo och schonn zur Zäit vun eise Groussmamme fir de gudde Goût gesuergt huet – ginn an der “Table du Belvédère” modern interpretéiert.

De Restaurant läit matten am Europaquartier op der Place de l’Europe an huet och e Banquetssall mat bis zu 120 Couverte fir all méiglech Evenementer. Et kann een och déi zwee Stäck vum Restaurant lounen.

Good Idea : De Restaurant huet méi wéi 20 oppe Wäiner op senger Kaart!

La table du Belvédère


4, place de l'Europe
1499 Luxembourg

 +352 43 02 59 02 2

 contact@latabledubelvedere.lu
 
 Méindes bis freides vun 11.45 bis 14.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché