11 Aug 2010

Le Chalet

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

 

De Restaurant Le Chalet, direkt bei de Baggerweieren tëscht Réimech a Schengen ass schonns laang eng Institutioun op der Musel. E läit ganz no beim Waasser, an empfänkt schonns joerelaang Touristen a Familljen aus der Regioun fir ee gutt Iessen no engem Schwammdag. Zanter kuerzem ass de Chalet renovéiert ginn, an ass elo bannen an rout wéi eng Tomat. Alles ass méi op Design getrimmt ginn. Z’iessen gëtt et Platen aus der Regioun, also lëtzebuerger Spezialitéiten an awer och Pizzaen an aner italienesch Platen oder och nach Guddes aus der franséicher Kichen. Wa schéi Wieder ass heescht et vun der Terrass profitéieren.

Good Idea : Hei fannt der vill lëtzebuerger Produiten um Dësch, wéi zum Beispill "lëtzebuerger Rëndfleesch" oder och nach "lëtzebuerger Gromperen".

Le Chalet


Zone de loisirs Breicherwee
L-5441 Remerschen

 26 66 51 91
 26 66 51 79

 
 Restaurant: Vun Méindes bis Sonndes vun 12.00 bis 14.00 an vun 18.30 bis 22.00 Auer. Bar: Ab 11.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 4 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • C.Peter: 2010-08-23 16:39:34
    Very interesting . Thanks
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché