08 Aug 2008

Les Glacis du Grand Théâtre

vun Good Idea | 1 commentaire Ech sinn de CommerçantUpdate

Direkt niewent dem Groussen Theater an der Stad fannt dir dëse Restaurant, deen der wäert ass notéiert ze ginn, wann der gären séier iesse gitt.

Gemittlech Miwwelen, grouss Fënsteren, ee rouege Kader, Les Glacis huet haaptsächlech eng méi jonk an international Clientèle.

Well d’Kichen op ass, kann een direkt no kucken wéi gekacht gëtt. Nëmmen ee Comptoir trennt den Iesssall vun der Kichen.

D’Spezialitéit vum Restaurant sinn d’ « Tortelinien Glacis », mä zeckt awer net och déi aner Saache op der Kaart auszeprobéiren wéi déi vill Zaloten, Zorte Fleesch, Fësch, Snacken an och nach d’Desserten.

Good Idea : Genéisst de rouege Kader an déi flott Terrasse mat eegenem Sprangbur!

Les Glacis du Grand Théâtre


1, boulevard Robert Schuman
L-2525 LUXEMBOURG

 26 86 47 74
 26 86 47 75

 Vu Méindes bis Freides vun 10.00 bis 1.00 Auer Samschdes vun 16.00 bis 1.00 Auer Sonndes an op de Feierdeeg ass op wann am Theater eppes lass ass.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch

  • Ofi: 2008-12-18 16:36:25
    Do ass et wirklech super Lecker, besonnesch no dem Theater. Ze empfehlen.



Besicht de Grand-Duché