14 Jun 2017

Liewensaart a Freed fir de Gomm op Lëtzebuergesch

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann Dir op der Sich no typesch lëtzebuergeschem Kascht sidd, vun héijer Qualitéit a modern interpretéiert, da sollt Der mol am Restaurant “Gudd Dikrich” laanschtgoen. Am Häerz vun Dikrech geleeën, gehéiert dëst Lokal nach zu de wéinege Betriber, déi taditionell lëtzebuergesch kachen a sech och op nationalem Niveau en Numm gemaach hunn: Paschtéitschen (Bouchée à la Reine), Bouneschlupp, Feierstengszalot, Mielkniddele mat Tomaten a Spinat … Ausserdeem op der Kaart: Plate mat Poulet an exklusiv Desserten. D’Ingrediente kommen aus der lokaler Produktioun a ginn der Saison no ausgewielt.

Ëmmer nees gëtt et speziell Manifestatiounen, déi de Fokus op saisonal Produite leeën, z. B. Spargelwochen. D’Fans vum Burger fannen och am Gudd Dikrich hiert Gléck. D’Fleesch kënnt iwwregens vu Bauerenhäff aus der Regioun. Och Vegetarier däerfe sech op variéiert lokal Plate freeën. Wann Dir léiwer doheem iesst, da kritt Dir och Plate fir matzehuelen.

Good Idea : Hei léisst et sech gutt Lëtzebuergesch iessen, mat leckere Platen an enger gemittlecher Ambiance.
De Restaurant huet de Label "Sou schmaacht Lëtzebuerg", well en exklusiv bei verschiddene Baueren a Produkteuren aus der Regioun akeeft.

Gudd Dikrich


8, Place de la Libération
L-9255 Diekirch

 +352 26 80 45 35

 dikrich@gudd.lu
 
 Denschdes bis Sonndes vun 12 bis 14 Auer a vun 18 bis 22 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché