23 Mar 2015

Loosst Iech vum Ben kulinaresch entféieren…

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann Dir gär Ausflich op d’Land maacht a wandere gitt, da waart Der vläicht scho mol zu Haler, een u sech ganz verschlofent Dierfchen am Mëllerdall. Mir ginn Iech awer hei ofgesi vun Natur, Rou a Wanderungen en anere gudde Grond, déi nächste Kéier zu Haler stallzehalen: Do kacht nämlech de Ben Weber a sengem Restaurant “Gudde Kascht”.

Dass d’Raimlechkeeten éischter schlicht an einfach sinn, ass och dem jonke Kach bewosst, deen awer scho konkret Pläng huet, fir de Restaurant ëmzegestalten an ze renovéieren. Wann Der awer bis d’Entrée zerwéiert krut, gëllt fir Iech souwisou just nach “dat Eent”! De Ben ass Meeschter a sengem Fach … de 27 Joer ale Lëtzebuerger huet schonn am zaarten Alter vun 8 Joer sengen Eltere selwergemaachte Pasta zerwéiert, kacht zënter ville Jore mat der Lëtzebuerger Kach-Nationalequipe an der ganzer Welt an huet zesumme mat de Lëtzebuerger Käch Tom Marson a René Kertz zwee Kachbicher publizéiert.

Seng Kiche beschreift de Ben als “éierlech, frësch a gesond”, sech selwer als “Kach, Kënschtler a Komiker”. Dass hie vill Spaass a sengem Beruff huet, dat mierkt ee séier… an wann een hei no engem typesche Menü à la Ben freet, da geréit hien an d’Schwärmen (mir iwwregens och). Hei ass en:

Entrée: Rout Rommelen a verschiddenen Texturen a Goûten, mat dräierlee Geessekéis (Krokant, mat Pistache, frittéiert) a Biren-Chutney

Haaptplat: Bavette vum Angus aus dem Mëllerdall (24 Stonne goe gelooss) mat engem Gromperemuffin an enger rustikaler Muert

Dessert: “Promenade de chocolat” – Schockelasvariatiounen op Streisel vum Schockelaskuch a Sherrys-Glace

Dat kléngt wierklech no “Gudde (m) Kascht”!

Good Idea : Wéi wier et mat enger kulinarescher Rees an d'Vergaangenheet? Op Virbestellung kacht de Ben al Rezepter no … mat engem kreativen Touch vum jonken Expert, natierlech! Oder Dir maacht am Kader vu Kachcoursen direkt selwer mat!
Et gi vill lokal (Bio) Produite verschafft, grad wéi Kaffi a Schockela aus fairem Handel. Op der Wäikaart stinn och eng etlech Biowäiner.
Sou schmaacht Lëtzebuerg: Alles bei "Gudde Kascht" ass selwergemaach, et gëtt staark op lokal Produite gesat, ouni awer a Clichéë vun der typisch Lëtzebuerger Kichen ze verfalen!

Gudde Kascht


20, Henerecht
L-6370 Haller

 +352 83 67 48

 guddekascht@gmail.com
 
 Donneschdes an freides vun 19 bis 22 Auer. Samschdes vun 12 bis 14.30 a vun 19 bis 22 Auer. Sonndes vun 12 bis 14.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché