06 Jan 2014

Lëtzebuergesch genéissen

vun Sebastian | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dir hutt Loscht, Lëtzebuerg vu senger kulinarescher Säit ze entdecken? Am Restaurant “Firwatnet” erwaart Iech lëtzebuergesch Gaaschtfrëndlechkeet an eng Menüskaart mat lëtzebuergeschen a franséische Spezialitéiten.

Vun der Zopp bis bei den Dessert ass alles hausgemaach an un der Saison orientéiert. Wann Enn August zu Lëtzebuerg d’Schueberfouer ufänkt, da gëtt et am “Firwatnet” z.B. gebakene Fësch.

Nach méi déif antauchen an déi Lëtzebuerger (Iess) kultur kënnt Der am Kader vun Themenowenter mat spezielle Menüen a Livemusek… D’Datume fannt Der op der Internetsäit vum Restaurant. Dës kulinaresch Adress sollt een sech also verhalen…firwat net!

Good Idea : Am Kader vun Themenowenter kritt Der Goût op Lëtzebuerg gemaach!

Lëtzebuergesch genéissen


140, rue du Cents
L-1319 Luxembourg

 +352 43 67 87
 +352 42 60 26

 firwatnet@pt.lu
 
 Denschdes bis sonndes vun 12 bis 14 Auer, a vun 18.30 bis 21.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 4 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché