28 Apr 2016

Mat Konscht genéissen am Ca(fé)sino

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Fir säin 20. Gebuertsdag huet sech de Forum fir modern Konscht “Casino Luxembourg” selwer eng richteg Pärel geschenkt… a Form vum Restaurant “”ca(fé)sino” am frësch restauréierte Salon Saint-Hubert. Mat dësem neie Restaurant am flotte Brasserie-Stil lieft déi iwwer honnert Joer al kulinaresch Traditioun vum Casino Lëtzebuerg matten an der Stad nees op.

An Dir sëtzt matten dran… un engem laangen Dësch, ronderëm Holzbiedem, Stuckelementer, modern, mee dezent Ariichtung a kënschtleresch Akzenter wéi dat effektiv erliichtend Neon-Konschtwierk “Zeitgeist – Karl Cobain”. Beim Johan Herelixka a Laurent Bouchend’Homme erlieft Dir exklusiv franséisch Liewensaart – an domat vill méi, wéi ee gewéinlech vun enger Muséesgastronomie erwaarde kéint.

Dir kritt hei zum Beispill déi weltwäit wuel eenzegaarteg “Bouchée à la Grande-Duchesse” zerwéiert, e gehäerztene Steak Tartare op traditionell Manéier direkt um Dësch preparéiert a gitt iwwerrascht mat attraktive Suggestiounen. Vu 15 Auer u bitt de Ca(fé)sino méi eng kleng, mee net manner kreativ Kaart un. Dorop fannt Dir och eng Auswiel un  hausgemaachter Pâtisserie.. Den ale Glanz ass erëm do, d’Pärel schimmert nees hell… do sollt Dir Iech verzaubere loossen, egal, ob konschtbegeeschtert oder net!

Good Idea : Endlech nees eng flott Plaz, fir ze brunchen: Sonndes kënnt Dir vun 11 bis 15 Auer um groussen Dësch Plaz huelen an Iech um generéise Büffet zerwéieren (Präis fir een Erwuessenen: 24 Euro).
De Johan an de Laurent schaffen nom Prinzip vum "Bio-Intelligent", dat heescht, net Bio ëm all Präis, mee dann, wann et sënnvoll ass a virun allem aus lokaler Produktioun kënnt.
An der Offer si vill lokal Produiten, ënner anerem nëmme Lëtzebuerger Wäiner.

ca(fé)sino


41, rue Notre Dame
L-2240 Luxembourg

 +352 26 27 02 79

 cafesino@casino-luxembourg.lu
 
 Mëttwochs bis méindes vun 11 bis 19 Auer. Donneschdes bis 23 Auer. Brunch sonndes vun 11 bis 15 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché