04 Nov 2013

mio & mio

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et richt no frëscher Pizza a Ravioli an dat mécht Loscht op e richteg italienescht Geschmaachserliefnes. “mio&mio” heescht déi nei Formel fir Genoss! D’Ristorante-Pizzeria-Bar ass guer net wäit ewech vun der Stad, am éischte Sous-sol vum Akafszenter “City Concorde”.

Vergiesst déi kitscheg Leonardo-Gipsfiguren a faarweg Plastiksblummen: Taste is Style! Den Design vum Restaurant ass exklusiv, zäitgenëssesch an elegant. Dir kritt anstänneg Portiounen zerwéiert an – opgepasst: Geheimtipp – en exzellenten Tiramisu! Déi Plaz huet d’Potential, fir den neien Italo-Hotspot zu Lëtzebuerg ze ginn.

(Copyright Biller: TomJungbluth Photography)
Good Idea : Profitéiert vun der Offer vum Dag: Exzellent Iessen zu Präisser no Ärem Goût!

mio & mio


80, route de Longwy
L-8060 Bertrange

 +352 26 45 97 64
 +352 26 97 66 57

 info@miomio.lu
 
 Méindes bis freides vun 11.30 bis 21.30 Auer. Samschdes vun 11.30 bis 21 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché