16 Sep 2009

Nonnemillen

vun Good Idea | 1 commentaire Ech sinn de CommerçantUpdate

Mediteran Gourmangzegkeeten a Spezialitéite vun hei an aus Frankräich wëssen an dësem Restaurant ze begeeschteren.
Den hellen a frëndleche Raum ass ganz aluedend. Dir kënnt tëscht enger ganzer Rei verschiddener Wäiner deen eraussichen deen der iech dann iwwert dem Iesse schmaache loosst. Profitéiert och dat ganzt Joer iwwer vun der iwwerdaachter Terrass.
Ausser der permanenter Kaart gett iech hei och all Dag een Daagesmenü ugebueden. D’Kichen ass ouni Ënnerbriechung op.
De Restaurant ass direkt nirwent deem grouss Parking beim Iechernacher Séi. Do stinn iech 600 gratis Parkplazen zur Verfügung.

Good Idea : All Freiden Owend, wann d'Wierder et erlaabt gëtt gegrillt.

Nonnemillen


117, route de Luxembourg
6562 Echternach

 +352 26 72 19 18
 +352 26 72 19 17

 
 Vun Dënschdes bis Sonndes vun 11.30 bis 22 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Comment

*required

Kommentéieren

*obligatoresch

  • Fran: 2011-06-14 11:38:29
    Also ech war virun enger Woch an deem Restaurant... Vir d'éischt si mer ugegrannst, well eng franséichsprocheg Kolleging gefroot huet op nach een Desch op der Terrass fräi wier... Eis gouff matgedeelt dat hei nemmen Däitsch geschwaat giff ginn, an dass op der Terrass keng Plaz méi wier. wat net wouer war, well et war nach een Desch fräi, an do hu mir eis dunn och higesaat. Duerno... hunn se eng Eiwegkeet gebraucht éier se eis servéiert hunn. D'Iessen war gutt an d'Portiounen rieseg. Mä duerno hunn se den Desch einfach net méi oofgeraumt. Mir souzen eng hallef stonn do éier se e puer eidel Fläschen wechgeholl hunn. An déi eidel Telleren huet nach méi laang gebraucht... Also gudden Service geet aarnescht....



Besicht de Grand-Duché