01 Jan 2016

Op Besuch beim klenge Kniddel-Kinnek

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann de Manu vu Kniddele schwätzt, da fänken seng Aen un ze liichten … an ee selwer gëtt hongereg! De jonke Chef vum “Le Mignon” zu Ettelbréck géif gär mat senger neier Kniddel-Kaart am rengste Sënn vum Wuert mam Doft markéieren: Vun der traditioneller Variant mat Speck iwwer divers Edelvariante  wéi z.B. mat Trüffele bis bei déi vegetaresch Kniddelen.

Wat dra kënnt, wéi Miel a Fleesch, staamt aus lokaler Produktioun. Zerwéiert gëtt an enger gossener Pan … Wie weess, vläicht gëtt de Manu op déi Manéier geschwënn den neie Kniddel-Kinnek vu Lëtzebuerg! D’Kombinatioun vu Lëtzebuerger a franséischer Kichen huet him et ugedoen, a sou kritt een am Le Mignon Bekanntes an neier Form, qualitativ op héijem Niveau, präislech attraktiv. De Plat du jour, deen all Mëtteg wiesselt (Entrée an Haaptplat) gëtt et scho fir 11 Euro.

Kuckt och nom Fëschplat, deen all Woch changéiert. No Feierowend nach Loscht op e klenge Cocktail? Probéiert emol den Hauscocktail “Water Melone Man”!

Good Idea : Wann Der heiansdo op der Facebooksäit vum "Le Mignon" laanscht kucke gitt, gitt Der gewuer, wat fir Themenowenter sinn, z.B. de Paella-Owend mat Show-Cooking!
De Manu a seng Equipe leeë Wäert op d'Qualitéit vun der Wuer an d'Vertraue vun hire Clienten a schaffen dofir verstäerkt mat lokale Produiten.

Restaurant Le Mignon


7, rue Abbé Henri Muller
L-9065 Ettelbruck

 +352 26 81 31 12
 +352 26 56 17 02

 lemignon@pt.lu
 Méindes bis samschdes vun 11.30 bis 14.30 Auer a vun 18 bis 22.30 Auer. Sonndes vun 11.30 bis 14.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché