10 Oct 2012

Pastaiolo

vun Christina | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Maacht dach mol eng Paus – op italienesch Aart a Weis. Bei “Pastaiolo” ginn Nuddelen an Zoossen aus éischtklasseschen Ingredienten an Italien hiergestallt a virun Ären Aen no italienescher Manéier preparéiert: Nodeems d’Nudddelen am Waasser gekacht gi sinn, mëscht de Pastaiolo se an enger Pan mat enger Zooss no Ärem Choix.

Jee no Rezept kommen dann nach Geméis a frësch Kraider derbäi – keng Kompromësser , wat de Goût ugeet! An de Präis bleift dobäi nach ganz attraktiv: D’Menüen (Plat mat Nuddelen, Dessert a Gedrénks) ginn et fir 10 Euro. Dir zerwéiert Iech direkt un der Téik vun der Kichen. Am modern ageriichte Restaurant fannt Dir och en Akafsberäich, wou Dir d’Ingredienten aus Pastaiolo-Rezepter fannt. Gudden Appetit!

Good Idea : Eng Paus op italienesch Aart a Weis fir attraktiv Präisser.

Pastaiolo


37, avenue de le Gare
L-4130 Esch-sur-Alzette

 +352 26 54 18 52

 Méindes bis freides vun 10.30 bis 15.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché