16 Jun 2015

Polnesch Spezialitéiten am “Nova Osada”

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Nee, bei eisem Rendez-vous gouf et als Begréissung kee Vodka … A prinzipiell ass d’Ewelina Dombka-Cardoso souwisou der Meenung, dass a Polen beim Iessen net méi Alkohol am Spill ass wéi bei aneren Natiounen. Déi gebierteg Polin geréiert mat hirem Mann Chico Cardoso, deen aus Portugal staamt, de Restaurant “Nova Osada”. Wien e bësse Polnesch kann, dee weess elo och, wou de Restaurant läit: Nova = nei an Osada =Duerf, also am Neiduerf.

Do kann ee vill polnesch Spezialitéiten ausprobéieren. Dozou gehéieren zum Beispill Ravioli, polnesch Ravioli natierlech! En aneren Deeg wéi bei den italienesche Ravioli a mat ganz ville verschiddene Fëllungen, am Summer och mat frësche Friichten, erkläert d’Ewelina. Weider Spezialitéite si Kabesrulladen an “Zurek”, eng hausgemaachten Zopp, déi traditionell an engem ausgehielegte Brout zerwéiert gëtt. Dobäi bestellt Dir dann z.B. en “Zywiec” oder en “Tyskie”, also e polnesche Béier. De Restaurant liwwert och ausser Haus, reegelméisseg z.B. fir Receptioune vun der polnescher Botschaft zu Lëtzebuerg, mee och fir Betribsfeieren.

Nova Osada engagéiert sech als éischte polnesche Restaurant vu Lëtzebuerg net nëmme fir e kulinareschen “Kulturtransfert” am Grand-Duché, mee och fir aner Aspekter vun der polnescher Kultur, wéi am Kader vum polnesche Kulturfestival zu Lëtzebuerg.

Good Idea : Ëmmer mëttwochs gëtt et mëttes bei Nova Osada en "Lunch Polonais", also e polnesche Mëttesmenü mat vill Choixen.

Nova Osada


2, rue du Kiem
L-1857 Luxembourg

 +352 27 99 61 47

 reservations@novaosada.lu
 
 Méindes vun 11.30 bis 14.30 Auer. Denschdes bis freides vun 11.30 bis 14.30 Auer a vun 18 bis 23 Auer. Samschdes vun 18 bis 23 Auer. Sonndes vun 11.30 bis 14.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 4 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • Aleksandra: 2015-07-07 08:14:55
    The best restaurant with polish specialties in Luxembourg. Delicious food and great service. I would definitely recommend!!!
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché