25 Nov 2011

Restaurant Joël Schaeffer

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Am Zentrum vu Mäertert ass an engem historesche Gebai de Restaurant Joël Schaeffer. Do empfänkt een Iech an enger häerzlecher Atmosphär! Wielt à la carte oder loosst Iech e Menü mam Wäin, deen dobäi passt, recommandéieren. D’Equipe vum Restaurant hëlleft Iech gär bei der Auswiel an der Zesummestellung. Ausserdeem bitt de Restaurant déi heite Serviceleeschtungen un: Organisatioun vu Familljefeieren a Geschäftstreffen, Partyservice.

Eng héich Qualitéit a Kreativitéit si garantéiert, well de Kichechef Joël Schaeffer huet schonn dacks bei Concoursë bewisen, wat hie kann. 2004 huet hien déi Lëtzebuerger Virentscheedung fir den “Bocuse d’Or” gewonnnen a war domat dat Joer drop dee jéngste Participant bei dësem internationale Concours fir Profikäch.

Restaurant Joël Schaeffer


1, rue Haute
L-6680 Mertert

 26 71 40 80
 26 71 40 81

 restjoel@pt.lu
 
 Denschdes bis sonndes vun 12.00 bis 14.00 an vun 18.00 bis 22.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 3 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • charnaut: 2012-08-24 11:42:27
    Je ne peut que recommander ce restaurant Beaucoup de chichi, mais très sympha et excellente cuisine
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché