20 Sep 2013

Restaurant La Bergamote

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Gerant vum Restaurant “La Bergamote” denkt beim Numm vun der Plaz, wou e läit, sécher u seng Heemecht. D’Place de Nancy, déi sou heescht wéi déi franséisch Stad, sollt och op Ärem kulinaresche Stadplang eng Plaz fannen.

Am Bergamote kritt Dir an engem grad sou moderne wéi och gemittleche Kader franséisch Plate mat engem internationalen Touch zerwéiert. D’Equipe aus der Kiche kënnt vu Paräis an aus der Bourgogne an dat erkennt een och un deem, wat op Ärem Teller ass.

Fir Iech de Choix vun de Platen ze erliichteren, bitt “La Bergamote” iwwregens och Owes- a Wochemenüen un.

 

 

Good Idea : De Chef vum Restaurant organiséiert reegelméisseg Kachcoursen  a bitt och individuell Coursen un.

Restaurant La Bergamote


2, place de Nancy
L-2212 Luxembourg

 +352 26 44 03 79

 contact@labergamote.lu
 
 Méindes vun 12 bis 14 Auer. Denschdes bis samschdes vun 12 bis 14 Auer a vun 19 bis 21 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché