« Ee grousse Comptoir an der Entrée an ee Restaurant op zwou Etagen, der tëschent den Disc-jockey », sou presentéiert sech dës nei Lokalitéit zu Hollerech. Dëst flott a modernt Etablissement mat bloen Neonsluuchten a risege Schwaarz-Wäiss Fotoen bitt iech eng traditionell nostalgesch italienesch Kichen. Um éischte Stack fillt der Iech éischter wéi an engem Schwäizer Chalet. Do kennt der Schwäizer Spezialitéite wéi Raclette a Fondue genéissen awer och lëtzebuerger Gourmangsegkeete stinn op der Kaart. All Dag gëtt ee Menü du Jour ugebueden.







Restaurant:
Vun Méindes bis Freides vun 12.00 bis 14.00 an vun 18.00 bis 23.00 Auer.
Samschdes vun 18.00 bis 23.00 Auer.
Bar:
Vun Méindes bis Freides vun 12.00 bis 15.00 an vun 18.00 bis 01.00 Auer.
Samschdes vun 18.00 bis 01.00 Auer. 




