31 Mar 2016

Sou schmaacht d’Bretagne!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Kennt Dir den Ënnerscheed tëscht enger Crêpe an enger Galette? Een, deen Iech dat net nëmmen erkläre kann, mee iech béides och nach gutt zerwéiert, ass de Jean-Baptiste. De Fransous kënnt vu St. Malo aus der Bretagne a bréngt mat sengem Restaurant „Matelots“ kulinaresch frësche Wand op Lëtzebuerg.

Mee woura läit dann elo den Ënnerscheed tëscht Crêpen a Galetten? D’Crêpë gi mat Miel aus Weess hiergestalllt an normalerweis séiss zerwéiert, d’Galettë mécht een aus Wëllkar (an dofir ouni Gluten) a se gi meeschtens gehäerzt zerwéiert. De Jean-Baptiste hëlt keng Zousazstoffer a léisst dofir säin Deeg och 24 Stonne rouen. De Crêpendeeg ass schonn no enger Stonn fäerdeg.

Wéi bei enger Pizza kann een  deen Deeg mat all Méiglechem garnéieren: D‘Galettë mat Fësch oder Fleesch, Kéis, speziellen Zosen, fir de besonnesche Goût och mol mat Calvados flambéiert. Bei de Crêpë sollt Dir d’Variant mat „Confiture de Fruitpotines“ onbedéngt probéieren, eng Gebeessspezialitéit aus Friichten a Bléien. Dobäi gëtt et dann e sëffege Cidre, a schonn ass e klengen Ausfluch an d’Bretagne perfekt!

Good Idea : Lecker Crêpen a Galetten iessen an dobäi flott ënnerhale ginn? Kee Problem, well freides gëtt et am „Matelots“ vun 19.30 bis 22 Auer Live-Musek a Genren, déi stänneg wiesselen.
Dank dem Miel ouni Gluten kënnen och Liewesmëttelallergiker am „Matelots“ no Häerzensloscht iessen. Beim Bio-Cidre schmaacht Dir déi ganz Ursprünglechkeet vun der Bretagne.

Matelots


7, rue Louvigny
L-1946 Luxembourg

 +352 22 88 66

 
 Méindes bis samschdes vun 11 bis 1 Auer moies.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché