22 May 2015

Um Mëttesdësch a Skandinavien !

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Schonn dacks ganz presséiert laanscht gefuer, me ni stoe bliwwen … bis déi lescht Woch! Mir waren op Besuch am “Njörd”, engem Restaurant fir skandinavesch Spezialitéiten, deen een um Boulevard J.-F. Kennedy um Kierchbierg fënnt. De Patron, de Fabrice, ass en absolutte Fan vun den nordesche Länner an hirer Kichen.

Am Njörd erwaart Iech dofir nordeschen Design (hell Faarwen, vill Holz) an eng Menüskaart mat Platen, déi op enger moderner Interpretatioun vun traditionnelle Plate baséieren. Vill Fësch, vill Geméis, a verschiddene Variatiounen, donieft awer och Spezialitéite wéi eng Zort dänesch Quiche mat “Bleu” (Kéis), Nëss a Spinat, Zelleriszalot mat Nëss a roude Kréichelen an natierlech dat klassescht Smörrebrod a ville Variatiounen.

Dir kënnt all d’Platen (egal, ob waarm oder kal) op der Plaz genéissen oder mathuelen. Sou kënnt Dir aus Ärer Mëttespaus e klengen Ausfluch an Nordeuropa maachen. Prett?

Good Idea : Déi kleng Platen, déi Njörd an der eegener Kichen hierstellt, eegnen sech perfekt fir eng gesond Mëttespaus.
Njörd setzt ëmmer méi op lokal a Bio-Produiten.
Op der Internetsäit vun Njörd kënnt Dir Iesse bestellen an Iech et mëttes direkt op de Büro liwwere loossen.

Njörd Restaurant


44, avenue J.-F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

 +352 27 40 55 88

 fabrice@njordfood.com
 
 Méindes bis freides vun 11.30 bis 14.30 Auer. Samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché