08 Aug 2017

Vegan a respektvoll iessen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Den “Nirvana Café” ass vegan, a war dat och scho viru senger Zäit als Café. Um Ufank war et als etheschen a soziale Projet fir Veganismus a géint Déieremëssbrauch geduecht. “Respekt” ass de grondsätzleche Credo vum Liewenskonzept, dat de Besëtzer vum Nirvana Café direkt aus Indien matbruecht huet. Mee keng Angscht, am Nirvana Café versicht een net, Iech ze bekéieren, mee éischter Iech mat leckere vegane Plate fir vegan Ernärung ze begeeschteren.

Plat-du-jouren, Zoppen, Buffeten, Haaptplaten, Desserten – alles ass hausgemaach an aus saisonale Produiten hiergestallt. Dobäi gëtt besonnesch drop opgepasst, dass d’Platen equilibréiert an nahrhaft preparéiert sinn. Kënschtlesch Aromastoffer, Faarfstoffer a Séissmëttel hunn Hausverbot, trotzdeem bleiwen d’Präisser raisonnabel. Och dobausse bleiwe mussen LGBT-Feindlechkeet, Rassismus a Friemenhaass. Wéi scho gesot: Respekt ass wichtegste Prinzip!

Good Idea : Hei kënnt Dir vegan zu faire Präisser iessen.
Méi gréng geet et net, kéint ee soen: Iessen, Accueil, Aarbechtsweis … Respekt fir Mënsch an Natur steet ganz uewen!

Nirvana Café


1, avenue de la Gare
L- 1611 Luxembourg

 +352 691 866 745

 Nirvanacafe2014@gmail.com
 
 Méindes bis samschdes vun 9 bis 15 Auer a vun 17 bis 21 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché