08 Jul 2009

Windsor

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dir wëllt engem grousse Kichechef bei der Aarbecht nokucken? Am Windsor kënnt dir ouni Problem de Käch beim Kachen nokucken. Eréischt zanter e puer Wochen, gëtt et dës nei gutt Adress an der Industriezon zu Bartreng. Probéiert déi delikat Kiche vum Jan Schneidewind, dee jo schonns zanter Joeren hei zu Lëtzebuerg bekannt ass. A profitéiert vum flotten Interieur, wou klassesch a modern Elementer matenee kombinéiert ginn. Ganz aussergewéinlech sinn déi gliese Mauere vun der Kichen déi et de Clienten erlaabt der Preparatioun vun de Platen nozekucken. Probéiert och de Plat de Jour vum Windsor! De Windsor bitt och ee Cateringservice unn. Eng grouss Panoplie vun Aperitifer, Wäiner, Canapéen, Fingerfood, Menüen, Séissegkeeten a salzeg Häppercher suerge fir datt och är Party ee Succès get. Wann der et wëllt kënnen si Iech och professionellt Material a Serveuren zur Verfügung stellen.  Eng grouss Parkplaz ass nierwend dem Restaurant.

Good Idea : Déi zwou Wäikaarte vum Windsor sinn aussergewéinlech. Op der enger Kaart fannt dir richteg gutt Wäiner, déi awer net méi wéi 40 Euro kaschten. Op der zweeter Kaart fannt dir déi allerbescht Wäiner aus Europa.

Windsor


Zone d'activité Bourmicht
5, rue des Mérovingiens
L-8070 Bertrange

 26 39 93 1
 26 39 93 93

 info@windsor.lu
 
 Vun Méindes bis Freides vun 11.30 bis 14.00 an vun 19.30 bis 22.00 Auer. Samschdes vun 19.30 bis 22.00 Auer. Sonndes vun 11.30 bis 14.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Nana: 2009-09-17 14:52:35
    ça m'a l'air bien sympa cet endroit :)
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché