20 Aug 2015

Zentral Plattform fir Liwwerservicer vu Lëtzebuerger Restauranten

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wat maachen, wann ee mëttes oder owes spontan Honger kritt, awer keng Loscht resp. keng Zäit huet, aus dem Büro oder der Wunneng ze goen? Et bestellt een an engem vun deene ville Restauranten zu Lëtzebuerg, déi e Liwwerservice ubidden. Ganz praktesch ass dee Moment Livraison.lu. eng Internetplattform, déi verschidde Liwwerservicer vu mëttlerweil méi wéi 60 Restauranten (virun allem an a ronderëm d’Stad) oplëscht.

Op der Startsäit gitt Dir einfach Är Postleitzuel an a scho kritt Dir eng Iwwersiicht vu Restaurante gewisen, déi an d’Géigend vun där Postleitzuel liwweren. Fir méiglechst kuerz Liwwerzäiten ze hunn, sinn déi Restauranten ausserdeem no Distanz sortéiert. Wielt Äre Restaurant an dann um Menü déi gewënschte Produiten/Platen aus. Nodeems Dir bestallt hutt an de Restaurant Är Bestellung akzeptéiert huet, kritt Dir eng SMS op Ären Handy geschéckt, an där d’Liwwerzäit uginn ass.

Dann heescht et just nach waarden a sech op e leckert Iesse freeën! Gudden Appetit!

Good Idea : Schluss mat deem ëmständleche Sichen a Vergläichen: Hei fannt Dir vill Liwwerservicer op ee Bléck.
Bestellt Äert Mëttes-oder Owesiesse bequeem online a bezuelt och direkt do.

Livraison.lu




 +352 691 313 096

 contact@chill.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché