17 Jul 2014

Vill Supermarchéë bidden Onlineshopping un!

vun Good Idea | Kommentéieren

Sech an engem gutt zortéierte Supermarché vun der Offer inspiréiere loossen an no Häerzensloscht akafe ka vill Spaass machen – wann een déi néideg Zäit dofir huet! Huet een se net oder wëllt een seng Zäit anerwäerts notzen, kommen déi vill Méiglechkeeten d’Produite fir den alldeegleche Gebrauch online anzekafen grad richteg. Verschidde Geschäfter bidden dëse Service am Grand-Duché un. Hei e puer Tuyauen:

Americana

Dësen Onlineshop bitt amerikanesch a mexikanesch Produiten un. D’Auswiel ass kleng awer reng: Iesssaachen, Gedrénks, Nonfood-Artikelen … vu 50 Euro Bestellwäert un ass d’Liwwerung gratis, drënner kascht se fir Lëtzebuerg 5 Euro. Hei online shoppen.

Auchan Drive

D’Online-Branche vum franséischen Auchan-Grupp kënnt zwar net un déi riseg Offer vum Auchan-Geschäft um Kierchbierg erun, bitt awer online ëmmerhin iwwer 12 000 Produiten un. Hei shoppt Der ronderëm d’Auer a kënnt d’Wuer 7 Deeg an der Woch bei den Zentren zu Mënsbech, op der Cloche d’Or an neierdéngs och zu Féiz ganz onkomplizéiert ofhuelen. Hei online shoppen.

Cactus@Home

Déi bekannt Lëtzebuerger Supermarchéschaîne Cactus huet 2011 hiert Online-Portal opgemaach. Akafe wéi op der Plaz, geliwwert gëtt heem. Iwwersiichtlech Menüféierung duerch all d’Rayonen, inklusiv Promotiounen an nei Produiten, grad wéi d’Offer vum Traiteur “Schnékert”. Och eng grouss Bio-Offer online! Hei online shoppen.

Delhaize Direct

Wielt een Delhaize-Geschäft eraus, leet eng Auerzäit fest a lass geet et! Dir wielt wéi beim Cactus an Auchan aus enger grousser Offer vu Food- an Nonfood-Artikelen. Är Wueren huelt Der einfach an der gewënschter Filial vun Delhaize of. Hei online shoppen.

Epicurbain

Hannert dësem Onlineshop stiechen 30 Joer Lëtzebuerger Erfarung am Commerce vum Shopping Village Pall Center. Online kafe kënnt Der Food- an Nonfood-Artikelen, allerdéngs keng frësch Wueren. E Schwéierpunkt läit op regionale Wueren a Produiten aus de Kategorien “Bio”, “Fairtrade”, “ouni Gluten” (iwwer 400 Produiten) an “vegetaresch”. Zu Lëtzebuerg ass d’Liwwerung vu 50 Euro Bestellwäert u gratis. Hei online shoppen.

Luxcaddy

Et ass de Pionéier a Saache Liewensmëttel-Onlinecommerce a bitt haut wäit iwwer 4000 Produiten am eegene Shoppingportal un. Duerch déi direkt Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerger Producteure gi vill lokal Produiten ugebueden. Gratisliwwerung am ganze Land (bei ënnerschiddleche Minimumbestellzomme jee no Distanz)! Hei online shoppen.

Naturata Bio@Home

Déi Lëtzebuerger Supermarchéschaîne Naturata ass och online fir Iech do! Am Sortiment fannt Dir primär biologesch (bio) a biodynamesch (Demeter) ugebaute Liewensmëttel, grad wéi Kosmetik an Nahrungsergänzung. Dir kënnt Är Auswiel no Critèrë wéi “ouni Gluten” oder “ouni Lactose” filteren. Heem geliwwert gëtt vu méindes bis freides an engem Radius vu 25 km ronderëm de Standuert Mënsbech. Hei online shoppen.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché