04 Aug 2014

Bio pur bei ALaVita

vun Majd | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

„Bio“ ass méi wéi just e Wuert mat dräi Buschtawen. De Beweis: ALaVita zu Jonglënster. Do fannt Der op 195 m² Verkafsfläch iwwer 9.000 Artikelen aus verschiddene Beräicher: Frëscht Uebst a Geméis, Brout a Gebaaks, Mëllechprodukter, Fleesch a Charcuterie, ma och Déifgekilltes, vill aner Liewensmëttel, Drogerieartikelen a Produite fir am Stot.

Vill Leit musse bei hirer Ernährung op bestëmmte Stoffer verzichten. Hei ass ALaVita eng wirklech Hëllef, well et an dësem Bio-Supermarché och Produiten ouni Gluten, Ee, Zocker a Mëllech gëtt.

Good Idea : ALaVita setzt Iech op Wonsch och individuell Corbeillen zesummen.
Bio-Supermarché vum Feinsten – hei fënnt de Bio-Fan, wat säin Häerz begiert!
ALaVita verkeeft och vill Produiten aus Lëtzebuerg an der Ëmgéigend.

ALaViTA


7, rue Nicolas Glesener
L-6131 Junglinster

 +352 26 78 00 91

 info@alavita.lu
 
 Méindes bis freides vun 8.30 bis 19 Auer. Samschdes vun 8.30 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché