20 Nov 2014

Den Duuscht läschen ass hir Missioun …

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dacks sinn et Klengegkeeten, deenen een am Alldag versicht aus dem Wee ze goen. Gedrénks kafen z.B. bedeit fir vill Leit alles anescht wéi entspaant shoppen. Mee ee Gléck, dass et jo och anescht geet: Op Boissons.lu fannt Dir en Depositaire an Ärer Géigend.

Einfach ee vun de 25 Betriber am ganze Land eraussichen, uruffen a bestellen. Den Duuscht läschen ass hir Missioun: D’Spezialiste beroden Iech gär bei der Auswiel vum Gedrénks. Dir plangt eng Party? Boissons.lu huet fir Iech Informatiounen zu verschiddene Patylocations am ganze Land an ausserdeem och Cocktailrezepter.

Wat se nach offréieren ass e kompletten “Mir-këmmeren-eis-ëm-alles-Package”! Well nieft dem Gedrénks liwwere vill Betriber och Partysaccessoirë vun de Still a Bänke bis bei d’Frigoen. Selbstverständlech kommen si déi eidel Fläschen och erëm sichen an et gëtt och d’Méiglechkeet vum “Kommissiounskaf”, d.h. Dir bezuelt nëmmen dat, wat Der consomméiert hutt (jee nodeem wéi vill ee bestellt). Da kann d’Party elo lassgoen … Nëmmen Är Gäscht musst Der nach selwer invitéieren!

Good Idea : Op der "Expogast" (an den Hale vun der Luxexpo um Kierchbierg) kënnt Der vum 22. bis de 26. November 2014 vill Produite gratis testen.
D'Betriber bei Boissons.lu offréiere vill Lëtzebuerger Produite wéi z.B. Wäin, Béier a Waasser.

Boissons.lu




 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché