27 Aug 2014

Méi direkt geeet et net: E Bio-Maart um Bauerenhaff

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Akafen um Bauerenhaff ass prinzipiell näischt Neies a gëtt schonn zënter ville Jore vun deene Konsumenten appreciéiert, déi wësse wëllen, wat op den Dësch kënnt. E Buttek um Haff a ganz neien Dimensiounen huet elo allerdéngs um Wandhaff seng Dieren opgemaach.

De Bauer Guy Meyers huet op sengem biologesch-dynamesch kultivéierten Haff en Ubau mat ëmmerhin 400 m2 Verkafsfläch opgeriicht. Do kritt een natierlech Produite vum Haff Meyers, mee dank der Kooperatioun mat Naturata och vill aner Bio-Liewensmëttel a Bio-Kosmetik. Den “Naturata Bio Haff-Buttek Meyers Haff” erwaart Iech ausserdeem mat enger Brouttéik an engem Bistro-Eck. Eng Terrass mat enger Kannerspillplaz gëtt grad fäerdeg.

Highlight ass sécher déi sougenannten “Fënster op d’Landwirtschaft”. Déi zwou grouss Duebelfënstere si passend direkt nieft der Killtéik fir Mëllechproduiten agebaut ginn. Sou ass och trotz der Gréisst vum Haffbuttek de Kontakt mat den “Producteuren” garantéiert: Ronn 30 Kéi a jee no Joreszäit vill Kaalwer liewen am sougenannte Lafstall.

Good Idea : Direkte Kontakt mat der Landwirtschaft: D'Fënster op d'Landwirtschaft" mécht de Bléck op Kéi a Kaalwer fräi.
Dëse Buttek um Haff bitt Bio pur un! Aner Butteker fannt Der iwwregens zu Hëpperdang an zu Rolleng bei Miersch.
Hei kënnt Der vill Produite vum Meyers-Haff direkt kafen - vum Demeter-Ee bis bei divers Bio-Rëndfleesch-Spezialitéiten.

Naturata Bio Haff-Buttek Meyers-Haff


30, route d’Arlon
L-8399 Windhof

 +352 27 32 82 33

 
 Méindes bis freides vun 9 bis 19 Auer. Samschdes vun 9 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché