Schueberfouer 2015

Schueberfouer1

D’Schueberfouer ass souwuel d’Kiermes vun der Stad Lëtzebuerg wéi och dat gréisstent Volleksfest vu Lëtzebuerg an der Groussregioun. Si zitt all Joer iwwer 2 Millioune Visiteuren op déi 4 Hektar grouss Fläch vum Glacis matzen an der Stad. Vum 21. August (Ouverture um 17 Auer) bis den 9. September 2015 ass et nees sou wäit! Da waarde ronn 3,5 Kilometer Kiermesbuden a Spiller op Iech!

D’Schueberfouer ass eng an Europa eemoleg Mëschung aus ronn 200 Attraktiounen: dorënner si grouss Spiller, Spiller fir Kanner, eng Dose Restauranten, vill Gedrénks- a Séissegkeetsstänn, Tombolas- a Schéissbuden a bal 100 Kreemerchesstänn. Forainen aus vill verschiddene Länner maachen d’Schueberfouer zu engem multikulturelle Volleksfest, dat awer och säin urtypesche Lëtzebuerger Flair behalen huet.

Dir wësst sécher selwer, wat d’Lëtzebuerger mengen, wann se vun hirer “Fouer” schwätzen … ob op engem vun de ville Spiller oder beim Genéisse vun den typeschen “Gromperekichelcher”, dem “gebakene Fësch” oder de leckere Gaufere mat Schlagsahn an Äerdbier! Allez, lass geet et op d’Fouer!

Méi Infoen op Fouer.lu!




Besicht de Grand-Duché