Schueberfouer

Et war eemol … am Joer 1340. Keng Kiermes, wéi een se haut kennt, ma den Ufank vun enger nach haut lieweger Traditioun: De Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen a Grof vu Lëtzebuerg, rifft den 20. Oktober per Dekret e Joermaart aus. Händler, déi op der Handelsstrooss tëscht Flandern an Italien ënnerwee sinn, sollen um Enn vum Karschnatz och zu Lëtzebuerg Statioun maachen an hir Wueren ubidden.

Aus dem mëttelalterleche Joermaart huet sech eng vun de gréisste Kiermessen an Europa entwéckelt, fir déi Kiermesleit aus siwen europäesche Länner ureesen. Fir vill Leit gehéiert d’Schueberfouer opgrond vun hirer Dauer vun am Ganzen 20 Deeg an hirer zentraler Lag am Häerz vun Europa zu den attraktivsten Evenementer vum Joer. Vun Enn August bis Ufank September ginn all Joer ronn zwou Millioune Visiteuren op der Schueberfouer gezielt.

Zënter méi wéi 400 Joer installéieren sech d’Kiermesleit um Glacis, enger grousser fräier Fläch net wäit vum Zentrum vun der Stad an dem Europa- a Bankevéierel Kierchbierg ewech, an an direkter Noperschaft zum charmante Quartier Lampertsbierg. Iwwer 200 verschidden, traditionell wéi och aussergewéinlech Kiermesbuden a Spiller, dorënner zwou Achterbunnen, e Riserad an 12 Restauranten waarden op hir Clienten. An der Allée Scheffer si ronn 100 Verkafsstänn opgebaut. Kiermes- a Joermaartsstëmmung pur!

Sou eng berühmte Kiermes brauch natierlech och e Maskottchen an déi Roll iwwerhëlt dëst Joer e Schof, de Lämmy. D’Figur vum Kënschtler Milli Schlesser soll un d’Traditioun an d’Geschicht vun der Schueberfouer erënneren. De Lämmy kritt een och als Souvenir ze kafen. Den Dag vun der Ouverture zéie Musikante mat Schof op d’Fouer, wou si den „Hämmelsmarsch“ spillen. Hei kënnt Dir kuerz eralauschteren.

Gitt méi iwwer d’Liewen op der Fouer gewuer. Mir hu mat dräi Leit geschwat, déi scho laang Joren dobäi sinn. Liest hei méi doriwwer.

Fir e relaxen Dag op der Schueberfouer sollt een och ganz relax dohi kommen. Informatiounen iwwer de P&R-System an den ëffentlechen Transport fannt Der op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg.

Op der Fouer ass all Dag eppes lass. Kuckt Iech de Kiermes-Programm op der offizieller Internetsäit vun der Schueberfouer un.

Als Orientéierung kënnt Der Iech hei de Plang vun der Schueberfouer ukucken.




Besicht de Grand-Duché