• Good Idea
  • Shopping zu Lëtzebuerg och 2015 eng „Good Idea“

Shopping zu Lëtzebuerg och 2015 eng „Good Idea“

TVA 3

Am Januar sinn zu Lëtzebuerg traditionell Solden (2 bis 31. Januar). Bis zu 30, 50 oder 70 % kritt een do sou munches méi bëlleg. Dass et zu Lëtzebuerg op den 1. Januar 2015 eng Erhéijung vun der TVA gëtt, kéint een dobäi bal vergiessen. Mee wat huet et genee mat där TVAs-Erhéijung op sech, wat fir Produite sinn iwwerhaapt betraff?

Lëtzebuerg behält deen niddregsten TVAs-Taux

Also eent sief mol gesot: Kee Grond ze panikéieren oder Hamsterakeef ze maachen, well entspaant shoppe bei engem attraktive Qualitéit-Präis-Rapport ass och nach nom 1. Januar garantéiert. Den normalen TVAs-Taux klëmmt zwar vu 15 op 17%, mee domat hunn d’Lëtzebuerger nach ëmmer deen niddregsten TVAs-Taux an der Europäescher Unioun.

Superreduzéierten Taux fir vill Produiten

Ausserdeem si vill Produite fir den alldeegleche Gebrauch net vun där Erhéijung betraff. All d’Liewesmëttel an net alkoholescht Gedrénks falen zum Beispill och weiderhin ënnert deen eemoleg gënschtegen Taux vun nëmmen 3%. Ronn zwee Drëttel vun engem Supermarchéssortiment sinn domat net vun der TVAs-Erhéijung betraff. Och fir Kannergezei a Bicher ginn nëmmen 3% un de Staat, grad wéi am ëffentlechen Transport, bei Medikamenter a kulturellen Evenementer.

TVA 1

Vill Geschäftsleit wëllen d’Differenz absorbéieren

Vill Geschäftsleit kennen déi haart Konkurrenzsituatioun vum Commerce an der Groussregioun. Vill vun hinnen hu schonn annoncéiert, dass si d’Präiserhéijung vun deene Produiten, déi vun där méi héijer TVA betraff sinn, net un hir Clientë weiderginn. Et däerf een optimistesch sinn, well och an anere Länner (Italien, Frankräich, Spuenien), déi an deene vergaangene Jore vun der TVAs-Erhéijung betraff waren, huet de Commerce bis zu 80% vun deene méi héije Käschten absorbéiert.

Shopping in Luxembourg bleift also mat Sécherheet och 2015 eng “Good Idea”! An net vergiessen: Am Januar si Solden zu Lëtzebuerg!

P.S. Wat soen d’Wirtschaftsexperten zur TVAs-Erhéijung zu Lëtzebuerg? De Lëtzebuerger Handelsverband (clc) huet e puer Informatiounen zesummegestallt.

TVA 2




Besicht de Grand-Duché