23 Nov 2012

Wanterzauber a Chrëschtdagsglanz

vun Good Idea | Kommentéieren

Elo, wou den Niwwel déif hänkt an d’Deeg kuerz sinn, ass d’Waarden op Chrëschtdag eng wëllkommen Ofwiesselung am groen Alldag. Vill Leit schätzen d’Adventszäit, déi lescht véier Woche viru Chrëschtdag, als besënnlech Zäit, mee och als Zäit, fir a stëmmungsvoller Ambiance shoppen ze goen a gutt Iessen ze genéissen.

Absolut Prioritéit: kee Stress! An dofir “schenkt” de Lëtzebuerger Handel Iech extra Zäit, fir an der Zäit viru Chrëschtdag akafen ze goen. Op deene véier Sonndeger viru Chrëschtdag hu vill Plazen an Akafszentren am Land op. Kuckt emol direkt hei an eisem spezielle Kalenner, wou op ass. Do gesitt Der och, wou Chrëschtmäert oder aner Evenementer bis Chrëschtdag am Land sinn!

Hei huet d’Wanterdepressioun keng Chance: Vill Stroossen, Foussgängerzonen, Akafszentren a Geschäfter am Grand-Duché sinn hell beliicht a festlech dekoréiert. Zu Lëtzebuerg fannt Dir bestëmmt Äert ganz perséinlecht Highlight bei de Chrëschtdagscadeauen, net zulescht wéinst der grousser internationaler Villfalt vu Produiten an dem héije Qualitéitsstandard.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Tina: 2012-11-23 15:41:15
    Ahhh l'ambiance de Noël :-) Le Luxembourg fait toujours fort en ce qui concerne les fêtes de fin d'années et heureusement d'ailleurs, car rien de mieux que d'aller faire un tour après le travail dans un des magnifiques marchés de Noël au Grand-Duché de Luxembourg!
    Au fait merci Good Idea pour ce superbe calendrier bien utile :-)
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché