17 Feb 2012

Forum restobar

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wat fréier als “Café Forum ” bekannt war, huet elo no enger grëndlecher Renovatioun als “Forum restobar” seng Dieren (nees) opgemaach! D’Raim sinn nei gestalt ginn an domat zesummen ass och d’Konzept geännert ginn. An engem Lounge-Kader (ganz ouni Damp) trëfft sech de ganzen Dag iwwer e gemëschtent Publikum. Vu méindes bis samschdes gëtt et ee Menu du jour, woubäi een trotz engem ganz raisonnabele Präis vun 8-12 Euro e qualitativ héichwäertegt Iessen zerwéiert kritt! Ausserdeem huet een e grousse Choix un Zoppen, Zaloten, Sandwichen, Desserten. Onbedéngt probéiere sollt een de waarme Schocki, deen aus geschmoltenem Schockela a Mëllech gemaach gëtt, d’Quiche Lorraine an och d’Taarten an d’Kuchen – alles hausgemaach!

Good Idea : Gënnt Iech eng Paus an engem entspaanten Environnement a genéisst déi vill selwergemaachte Platen a Gedrénkser!

Forum restobar


16, rue des Bains
L-1212 Luxembourg

 22 24 18

 Méindes bis samschdes vun 7.15 bis 20.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché