• Good Idea
  • Verkafsoppene Sonndeg a Floumaart

Verkafsoppene Sonndeg a Floumaart

Ufanks September ass eng lass an der Stad: Nieft der gréisster Kiermes an der Groussregioun, déi da schonn zënter e puer Deeg op huet, ass den 1.9. verkafsoppene Sonndeg mat Floumaart an der Stad. Den Dag drop, den 2.9., ass da Grouss Braderie!

Kiermes, e Bummel duerch d’Stad, Juegd op gutt Affären – dat alles léisst sech wonnerbar matenee verbannen. Sonndes, den 1. September, fänkt Dir am beschte mat engem Tierchen iwwer de Knuedler un. Do ass vun 10 bis 17 Auer e Floumaart, wou Dir sou muench Kuriéises oder och Nëtzleches kënnt fannen, wat sech laang Zäit op verstëbste Späichere verstoppt hat.

Vu 14 bis 18 Auer ass Shopping-Time! Den Eenzelhandel an der Stad zeechent sech duerch eng grouss Markevillfalt aus. Vill Butteker an der Stad hunn deen Dag op. Déi perfekt Geleeënheet, fir nei Kollektiounen z’entdecken.

Beim Cityshopping Info Point op der Plëss (Place d’Armes) kritt Dir nëtzlech Informatiounen iwwer d’Akafsméiglechkeeten an der Stad. Ausserdeem kënnt Der bei engem Spill vum Geschäftsverband eppes gewannen. Méi dozou op www.cityshopping.lu. Den ëffentlechen Transport an der Stad ass iwwregens deen Dag gratis.

Informatiounen iwwer d’Grouss Braderie fannt Dir hei. Shopping a Schueberfouer – béides zesummen dës Deeg wuel eng richteg Good Idea!




Besicht de Grand-Duché