15 Aug 2012

Coiffure Raths

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Coiffersalon Raths ass zënter 1986 „Fournisseur de la Cour“ respektiv „Coiffeur de la Cour “. Wéi scho méi dacks goung de Marcel Raths och deen Dag mat senger Coiffersmalette op d’Schlass vu Colmar-Bierg, fir dem Groussherzog Jean d’Hoer ze schneiden. Den Dénger huet en awer net an deen üübleche Raum gefouert, ma direkt am Grand-Duc säin Aarbechtszëmmer.

De Groussherzog Jean stoung nieft sengem Schreifdësch an huet de Marcel Raths mat de Wierder empfaangen: „Är Mallette braucht Der haut net, haut gëtt net geschafft.“ Amplaz krut de Coiffer d’Auszeechnung als „Coiffeur de la Cour“ – fir de Marcel Raths en onvergiesslecht Erliefnes, un dat en sech och haut nach gär erënnert.

Wat dem Groussherzog Jean deemools scho vill wäert war, fannt Dir als Client och haut nach am Coiffersalon Raths: Kreativitéit, intensiv Berodung an ëmmer en oppent d’Ouer fir Är Wënsch.

Good Idea : De Coiffer Raths ass zënter 1986 „Fournisseur de la Cour“. Seng Uspréch u Qualitéit a seng Diskretioun hunn him deen Titel abruecht.

Coiffure Raths


14, Grand-Rue
L-7777 Bissen

 +352 83 50 20

 Denschdes bis freides vun 8.00 bis 12.00 a vun 13.00 bis 18.00 Auer. Samschdes vun 7.00 bis 12.00 a vun 13.00 bis 16.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché