11 Oct 2012

Jeanne Coiffure

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Zënter méi wéi 20 Joer schafft d’Jeanne mat Leidenschaft an hirem Beruff  als Coiffeuse. Schonn dacks konnt si dat op nationaler wéi internationaler Zeen beweisen. Hire Salon gehéiert iwwregens zu den “Fournisseurs de la cour”.

Laang Joren huet si mam Alexandre de Paris zesummegeschafft,  an déi Zesummenaarbecht huet hir dat néidegt Wësse vermëttelt an d’Begeeschterung, mat där si ëmmer nees nei Coiffuren entwéckelt. Sou gëtt jidder Client individuell no sengem eegene Stil zerwéiert.

De Salon ass mat Spigelen a verschidde Beräicher opgedeelt: Accueil, Soinen a Coiffuren. D’Jeanne begréisst Iech häerzlech an hirem Salon!

Good Idea : Är Hochzäit a sécheren (Stylings-) Hänn: D'Jeanne freet sech,  Iech fir Äre besonneschen Dag dee richtege Styling ze ginn.

Jeanne Coiffure


28, rue du Dix Septembre
L-4320 Esch-sur-Alzette

 +352 53 09 50
 +352 26 55 03 98

 info@jeanne.lu
 
 Denschdes bis donneschdes vun 9 bis 12 a vun 14 bis 18 Auer. Freides vun 8 bis 18 Auer, samschdes vun 8 bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché