30 Aug 2014

Genéisst klassesche Luxus matzen an der Haaptstad!

vun Julie | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Den Hotel “Le Royal” kéint ee scho bal als Institutioun bezeechnen, e gehéiert lo schonn zanter Joren zur Hotellandschaft am Grand-Duché… an ass nach ëmmer op enger vun den éischte Plazen.

Wien am “Le Royal” iwwernuecht, gënnt sech net nëmmen de Comfort vun enger Luxus-Auberge, mee och de Luxus matzen am Zentrum vun der Haaptstad ze wunnen, net wäit vun der Foussgängerzon mat hire ville Shoppingsméiglechkeeten, ganz no beim Park an nëmmen e puer Minutte mam Bus vum Europa- a Bankevéierel Kierchbierg ewech.

Den “Royal” gehéiert zu den “Leading Hotels of the World”, bitt luxuriéis Zëmmer an ë.a. e Wellness- a Sportberäich mat Piscine a Schéinheetssalon, donieft och speziell Servicer wéi e Shuttleservice vum Fluchhafen oder dohin. Wëllkomm an dësem Klassiker ënnert de Luxushotellen!

Good Idea : Dëst klassescht 5-Stären-Haus läit matzen am Stadzentrum a bitt en éischtklassesche Service!

Hôtel Le Royal


12, boulevard Royal
L-2449 Luxembourg

 +352 24 16 16 716
 +352 22 59 48

 reservations@leroyalluxembourg.com
 
 24/7
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché