17 Apr 2013

Le Clervaux Boutique & Design Hotel

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Zu Clierf, enger charmanter klenger Uertschaft am Norde vu Lëtzebuerg, ass eng nei Pärel vun der Lëtzebuerger Hotellerie ze fannen: “Le Clervaux Boutique&Design Hotel”.

De 5-Stären-Suiten-Hotel matzen am Zentrum vun der Kulturstad Clierf läit net nëmme perfekt, mee bitt senge Gäscht och all méigleche Komfort. Loosst Iech an d’Welt vum Design entféieren a wielt Äre perséinleche Favorit aus den 22 individuell gestalte Suitë vun dësem aussergewéinlechen Haus.

Eng exzellent Gastronomie (Rhino-Steakhouse a Ristorante Da Lonati), e grousszügege Spa mat senge Wellnessoffere fir Äert Wuelbefannen an eng breet gefächert kulturell Offer an der Regioun maachen Ären Openthalt zu engem ganz besonneschen Erliefnes.

Good Idea : De Wellness-Beräich vum Hotel bitt op 800 m² pur Entspanung: Sauna, Fitness, Schwämm…

Le Clervaux Boutique & Design Hotel


9, Grand-Rue
L-9710 Clervaux

 +352 92 11 05 1
 +352 92 11 05 999

 info@le-clervaux.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché