26 Aug 2011

Park Inn by Radisson

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Den Hotel Park Inn by Radisson Luxembourg ass eng nei Adresse fir all déi, déi hiren Openthalt an der Haaptstad vum Grand-Duché an engem modernen an elegante Kader verbrénge wëllen.

Den Hotel ass eréischt de 25.Juli opgaangen. Duerch seng zentral Lag, nëmmen 200 Meter vun der Stater Gare ewech, ass den Hotel Park Inn by Radisson Luxembourg eng perfekt Plaz fir Gäscht, déi mam Zuch ukommen a Lëtzebuerg entdecke wëllen. Op deem kuerze Wee an d’Alstad, déi ganz no bäi ass, trëppelt een duerch déi wichtegst Geschäftsstroosse vun der Stad.

D’Gebai vum Hotel ass komplett nei a gehéiert zu där Generetioun vun “intelligenten” Gebaier, déi besonnesch schounend fir d’Ressourcë sinn. Fir de Gaascht ganz wichteg ass, dass d’Haus ganz hell a géint Kaméidi a Keelt isoléiert ass.

Good Idea : Rendez-vous all Dag vu 17 bis 19 Auer fir den Afterwork an der LoungeBAR, am styleschen Ambiente "Blue&Cool". Ausserdeem huet een de ganzen Dag iwwer d'Méiglechkeet lokal an international Spezialitéiten ze genéissen.

Park Inn by Radisson


45-47, Avenue de la Gare
1611 Luxembourg

 26 20 11 32

 info.luxembourg@rezidorparkinn.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché