20 Dec 2015

Sech wuelfillen an der “Epicerie am Duerf”

vun Good Idea | 1 commentaire Ech sinn de CommerçantUpdate

Méi Gemittlechkeet geet net: Dobaussen ass et däischter, lëfteg an den éischte Schnéi ass gefall, dobannen hu mer dezent Luucht, wueleg Wäermt an agreabel Geréch. Eisen éischte Besuch an der “Epicerie am Duerf” an der klenger Uertschaft  Schrondweiler huet all eis Erwaardungen iwwertraff.

Als Visiteur daucht Dir an der “Tante Emma” hir Welt an – oder besser gesot dem Nathalie Meiers seng Welt, well d’Lëtzebuergerin huet sech mat dësem Geschäft en Dram erfëllt, a wéi et schéngt och hiert klengt Duerf aus dem Schlof erwächt. D’Epicerie am Duerf ass an engem mat vill Léift restauréierten historesche Gebai, deem seng eelst Partien aus dem Joer 1784 stamen. Do kritt een haut alles, wat ee sou fir all Dag brauch, dorënner och vill ausgefale Produiten, déi sech perfekt als Kaddo eegnen. An de Frëschthéike fannt Dir Gebakenes, Kéis a Charcuterie.

D’Konzept verbënnt Liewesmëttelbuttek, Café mat Plat du jour mëttes, Catering-Service a souguer 2 Friemenzëmmer an e Konferenzraum fir bis zu 35 Persounen. Wann Dir Iech also mol eng Auszäit wäit ewech vun urbane Stressfacteure gënne wëllt, da schlummert Der an der “Epicerie am Duerf” an engem historesche Kader a bei modernstem Komfort. Dem Nathalie säi Motto bréngt et op de Punkt: “Häerz, wat begiers de!”.

Good Idea : An der Epicerie am Duerf begéinen sech d'Leit aus dem Duerf an déi vun dobaussen. Et gëtt en attraktive Programm mat Liesungen, Concerten an dem "Apéro", e gemittlecht Zesummesinn all leschte Sonndeg am Mount vu Mee bis Oktober.
Vill Produite si biozertifizéiert a stamen aus fairem Handel. D'Epicerie am Duerf schafft nohalteg a versicht Offäll méiglechst komplett ze evitéieren.
D'Epicerie am Duerf keeft vill Wuere jee no Saison direkt bei lokale Producteuren an.

Epicerie am Duerf


17, rue Principale
L-9184 Schrondweiler

 +352 26 88 32
 +352 26 88 32 32

 nathalie@epicerie-am-duerf.lu
 
 Denschdes bis freides vun 7.30 bis 18.30 Auer. Samschdes bis 17 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch

  • Laures Georges: 2016-01-14 17:07:40
    et war emmer gesot ginn dass eng Epicerie an Rommescht zu Bofferding apgemach giff ..Vun engen Herr dén bei der Englicher Arméi obgehallen hätt, an elo do eng Epicerie wollt obmachen..
    Leider warden déi Leit déi do wunnen nach emmer op die Epicerie. Schued !!!



Besicht de Grand-Duché