01 Aug 2012

Sofitel Luxembourg Le Grand Ducal

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Sofitel Luxembourg Le Grand Ducal schaaft e besonneschen Zauber duerch seng franséisch Wuerzelen an dem Beschten aus der lokaler Kultur. De Luxushotel präsentéiert sech elegant an harmonesch, mat typesch franséischem Flair. Perfektioun ass dat, wat hei zielt!

Den Highlight vum Hotel ass um ieweschte Stack: d’Panoramabar mat Restaurant. Dag an Nuecht erwaart Iech hei nieft exzellentem Iessen a Gedrénks eng absolut phantastesch Vue op d’Stad Lëtzebuerg. Hei ass den Treffpunkt vun de VIPs aus Lëtzebuerg an der Ëmgéigend, hei treffen sech awer och all déi, déi eng Schwächt hu fir den New-Wave-Stil, agreabel DJ-Kläng an exquisit Cocktailen.

D’Gastronomie am Haus Sofitel entsprécht voll a ganz der franséischer Liewensaart. De Chef Sébastien Perrot vum Restaurant “Top Floor” ka mat senger franséischer Kachkonscht méi wéi iwwerzeegen!

Good Idea : Eng Bar an e Restaurant mat phantastescher Vue iwwer de Péitrusdall, en Hotel mat franséischem Charme an deem Beschten, wat déi lokal Kultur ze bidden huet!

Sofitel Luxembourg Le Grand Ducal


40, Boulevard d’Avranches
L-1160 Luxembourg

 +352 24 87 71

 
 Bar: all Deeg vun 10.00 bis 1.00 Auer. Restaurant: all Deeg vun 12.00 bis 15.30 a vun 19.00 bis 22.30 Auer. Sonndes nëmmen fir Gäscht vum Hotel.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché