01 Jun 2015

Äert Wuelfill-Ritual fir all Dag

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Den Numm ass Programm… déi bekannt Kierperfleegmark “Rituals” ass zënter Ufank 2015 och zu Lëtzebuerg mat engem Shop vertrueden, an zwar an der Galerie Auchan um Kierchbierg. Do kritt Dir vill spannend Produiten, déi wéi gemaach dofir sinn, kleng Wellness-Akzenter am Alldag ze setzen.

Et léiert een dat entspanend Konzept vu Rituals scho kennen, wann een an d’Geschäft erakënnt: Holztéin, douce Luucht, Lounge-Musek … Fir d’Begréissung gëtt et eng Taass Téi, op Wonsch och gär eng Massage an e Peeling fir d’Hänn an natierlech eng perséinlech Berodung! Dëst Welcome-Ritual mécht Loscht op méi. Mir sinn also ganz entspaant a prett, fir déi verschidde Produktlinnen ze entdecken: Bodylotion, Peeling, Duschgel, Gesiichtsfleeg, Schmink, mee och Téi, Käerzen, Moud fir sech wuelzefillen a villes méi.

Och eis Häre fanne bei Rituals déi richteg Produiten, fir sech ze fleegen. Ëmmer erëm ginn och limitéiert Spezialserien ugebueden. Et lount sech also, mol méi dacks laanscht kucken ze goen. A virun allem: Freet Iech op Äre Spa-Pleséier doheem!

Good Idea : Mat "Rituals" ass et kannerliicht, dat eegent Buedzëmmer an e private Spa ze verwandelen! Déi aktuell Spezialserie "Mandi Lulur" mat Dëft vun der Insel Java sollt Dir Iech net entgoe loossen!
Dir kënnt Är Liiblingsproduiten och op der Internetsäit vun "Rituals" bestellen a se gratis liwwere loossen.

Rituals cosmetics


5, rue Alphonse Weicker
L-2721 Luxembourg

 +352 27 04 83 34

 
 Méindes bis donneschdes vun 9 bis 20 Auer. Freides bis 21 Auer. Samschdes bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché