02 Dec 2015

Alles fir Är Schéinheet an Äert Wuelbefannen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Haut huele mer Iech mat op en enspanenden Openthalt  am “Institut Françoise”. Als Begréissung kritt Dir vum Françoise Clement e leckeren Téi zerwéiert an si erzielt eis da voller Passioun vun hirem Salon an hirer Visioun vu Schéinheet a Wuelbefannen. Mat einfachem Handopleeë geet et haut net méi duer … innovativ Apparater hëllefen,  déi kleng a grouss Problemer ze behandelen.

“Cooltech” zum Beispill reduzéiert Fettgewebe duerch den Asaz vu Keelt – een net invasiven, agreabele System. “RevealImager” analyséiert d’Haut am Detail. Duerno kann d’Institut d’Behandlunge perfekt op Är Besoinen ofstëmmen. All d’Produite fir d’Soine gi vum Françoise gewëssenhaft erausgesicht. Zu hire Favoritte gehéieren “Jane Irreale” (mineralesch Kosmetik ouni Faarfstoffer a chemesch Konservéierungsstoffer) an “Cellcosmet”, eng Soinslinn mat aktiven Zellen.

Klassesch Traitementer  fënnt een am Institut Françoise natierlech och, dorënner Epilatioun, Masken, Massagen, Manikür a Pedikür. Well een déi eege Schéinheet jo och wonnerbar duerch deen een oder aneren Accessoire kann ervirhiewen, fënnt ee beim Françoise och en Eck mat Bijoue vun der Mark “Thomas Sabo”.

Good Idea : Hei fënnt een de Rot vum Expert a Saache Schéinheet, Wuelfillen a  Moud.
Gutt fir d'Ëmwelt, gutt fir d'Haut: Vill Fleegeproduite sinn "gréng" Produiten.
Am Onlineshop kritt Dir all d'Produite vum Institut. Op all Bestellung kritt Dir 10% Reduktioun.

Institut Françoise


80, route de Longwy
L-8060 Bertrange

 +352 45 20 47

 clement@pt.lu
 
 Méindes bis donneschdes vun 9 bis 20 Auer. Freides bis 21 Auer. Samschdes bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché