22 Jul 2013

Bodyveda

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Schéinheetsinstitut “Bodyveda” ass zwar schonn zënter 2004 zu Lëtzebuerg vertrueden, mee ëmmer nach e Geheimtipp. An den héichwäertegen an extrem entspanende Raimlechkeeten net wäit ewech vun der Neier Bréck an der Stad ass den Alldagsstress séier vergiess.

D’Anne Brochard an hir Equipe si Spezialiste fir Haut- a Gesiichtsfleeg grad wéi fir integral Schéinheetsbehandlunge vu Kapp bis Fouss. Geschafft gëtt ausschliisslech no manuelle Methoden, woubäi exquisit Fleegeproduite benotzt ginn. An der Schéinheetsboutique fannt Dir zum Beispill e grousst Sortiment vun der däitscher Mark Dr. Hauschka a vun der US-amerikanescher Fleegeserie Dermalogica.

Och déi männlech Clientèle kënnt net ze kuerz, mat zum Beispill Marke wéi Penhaligon‘s. No Ärer Behandlung gitt Der iwwregens op e Kusmi-Téi invitéiert. Bodyveda huet e grousse Choix u Produite vun dëser ugesotener Téimark.

Good Idea : Duerch d'Zesummenaarbecht mat Bijous- a Moudedesigner kënnt Dir bei Bodyveda och a Saachen Accessoiren eppes fir Är Schéinheet maachen.

Bodyveda


7, avenue de la Liberté
L-1931 Luxembourg

 +352 26 29 88

 
 Denschdes bis freides vun 10 bis 19 Auer. Samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché