04 Jul 2015

Do wiisst garantéiert keen Hoer méi…

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et gi Plazen, do ass ee frou, wann d’Hoer spriissen, op anere géif een se am léifsten (fir ëmmer) ewechmaachen. Et kennt ee jo an der Tëschenzäit déi abenteuerlechst Methoden, deem onbeléifte Pelz lasszeginn, mee dacks deet et wéi oder et muss een no kuerzer Zäit nees nohëllefen.

Domat ass elo Schluss, well dat neit “hairfree Institut” zu Lëtzebuerg bitt eng verlässlech, permanent Epilatioun un. Den “hairfree “-Grupp ass europäesche Leader fir permanent Epilatioun an huet eng Method entwéckelt, duerch déi Liichtimpulser op d’Hoerwuerzele wierken an d’Hoer ausfalen. Dofir gëtt rengt gefiltert Liicht duerch en héichrengt Saphirglas op d’Haut opgeluecht. D’Intensitéit ka perfekt op den Hauttyp, den Hoertyp an d’Hoerfaarf ofgestëmmt ginn.

No engem éischte Berodungsgespréich kritt Dir op enger klenger Plaz Haut gewisen, wéi “hairfree” wierkt. Duerno kritt Dir e perséinleche Behandlungspackage mat enger Offer zesummegestallt. No e puer Behandlungen (d’Zuel ass individuell verschidden) sinn déi traitéiert Beräicher fir ëmmer ouni Hoer.

D'”hairfree” -Equipe ass iwwregens méisproocheg: Dir gitt op Däitsch, Franséisch, Englesch, Lëtzebuergesch, Russesch, Italienesch a Kroatesch beroden.

Good Idea : Test d'"hairfree"-Institut zu Lëtzebuerg: Fir déi éischt Behandlung kritt Dir 50 Euro ausgedoen. Einfach dësen Artikel erausprinten an am Institut weisen oder direkt op Ärem Smartphone virweisen.

hairfree Institut


1-1a, rue Charles Quint
L-2380 Luxembourg

 +352 26 89 73 33

 info@hairfree-luxembourg.lu
 
 Méindes bis freides vun 10 bis 20 Auer. Samschdes vun 10 bis 16 Auer. An op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché