03 Apr 2015

Hei otemt Är gestressten Haut op

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wat kann ee vun engem gudde Schéinheetsinstitut erwaarden? Et ass ee méi schéin, wann een erausgeet, et huet en héijen ästheteschen Usproch u sech selwer an et ass eng roueg Oas am hekteschen Alldag. Wann dat och Är Uspréch sinn, da fillt Der Iech an der “Maison de beauté Martine Comes” bestëmmt wuel.

Dat modernt Institut läit e bësse verstoppt an der Rue du Commerce zu Ettelbréck – kleng, awer reng! Freet Iech op en extra frëndlechen Accueil an eng breet Offer u Leeschtungen, déi Iech méi schéi maachen: Klassiker wéi Manucure, Pedicure, all méiglech Soine fir d’Gesiicht, Massagen, Epilatioun, mee och Verlängerung vun den Neel oder permanente Make-up.

Ausserdeem eng Exklusivitéit am Norde vu Lëtzebuerg: D’Sauerstoffbehandlung mat der Oxyderme-Method versuergt d’Haut mat bal honnertprozentegem Sauerstoff an huet sou eng Wierkung, déi d’Haut verbessert, zum Beispill bei Falen, Pigmentflecken oder Akne. Hightech trëfft op Ästhetik! A wéini vertraut Dir Iech de fleegenden Hänn vum Martine Comes an hirer Equipe un?

Good Idea : Schéi Bijoue fir schéi Mënschen: An der "Maison de beauté" kritt Dir Bijoue vun der Trend-Mark "Konplott".
Beim Martine  Comes fannt Dir  eng grouss Auswiel u Produite vun der bio-certifiéierter Mark "Comfort-Zone".

Maison de beauté Martine Comes


31, rue du Commerce
L-9026 Ettelbruck

 +352 26 81 10 03

 info@maisondebeaute.lu
 
 Méindes vun 14 bis 18 Auer. Denschdes bis freides vun 9 bis 18 Auer. No 18 Auer op Rendez-vous. Samschdes vun 9 bis 12 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché