16 Jul 2015

Huel mech mat an d’Provence

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Spiert Dir déi dréchen Hëtzt vum Süden? Grillenzirpen a Lavendeldoft leien an der Loft. Wëllkomm an der Provence! Op d’mannst eng kleng Erënnerung un d’Vakanz kënnt op, wann een an de Buttek vun “L’Occitane” an der Stad erakënnt. Huelt Iech, wéi bei der Lavendel-Recolte, an der Entrée e klenge Kuerf a gitt op Entdeckungsrees duerch dës Welt voller gudder Geréch aus Südfrankräich!

Dir kritt hei Produite fir Fraen a Männer, mee och fir den Haushalt. Mediterran Liewensaart, mee och Wëssen aus der Planzenheilkunde an der Aromatherapie sinn an d’Entwécklung vun de Produiten agefloss. Déi héich Qualitéit gouf schonn e puermol ausgezeechent: Virun allem d’Handcrème “Karité” (Basisstoff vu Karitébeem aus dem Burkina Faso) wéi d’Linn “Immortelle” mat Essencë vun der Stréiblumm, bekannt fir hir Anti-Ageing-Effekter.

Vergiesst bei Ärem éischten Akaf net, eng Carte de fidélité ze froen, Dir kritt da reegelméisseg kleng Kaddoen an exklusiv Offeren. Weider Geschäfter fannt Dir iwwregens zu Lëtzebuerg an der Galerie Auchan an an der Belle Etoile.

Good Idea : Bei Occitane fannt Dir vill Produite mat Lavendel. Test emol ee vun deene verschiddene Coffrete mat Produiten op Lavendel-Basis: Eng reng Erhuelung!
L'Occitane schafft am léifste mat natierlechen Inhaltsstoffer. E puer sinn och biozertifizéiert. Fir verschidde Produite ginn ëmweltfrëndlech Rechargen ugebueden (Flëssegseefen, Duschgel, …)

L’Occitane


11, avenue de la Porte Neuve
L-2227 Luxembourg

 +352 26 20 09 95

 lustore.porteneuve@loccitane.com
 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché