Mat hirer klenger Parfümerie “Ici Paris” zu Ixelles (Bréissel), déi si 1968 opgemaach hunn, wollten d’Proprietären och der breeder Ëffentlechkeet Luxusproduiten zougänglech maachen. Haut ass ICI PARIS XL eng Entreprise mat iwwer 240 Filialen, dovu véier zu Lëtzebuerg.
D’Parfümerië vun ICI PARIS XL offréieren eng grouss Wiel u Parfumen a Schéinheetsproduiten. Och fir e Kaddo erauszesichen ass dat hei déi ideal Adress. An de verschiddene Filiale ginn dernieft Evenementer ugebueden, wéi Presentatioune vu Produite oder awer Atelieren zum Thema Schéinheet.
Zu Lëtzebuerg fannt Der ICI PARIS XL an der Stad, zu Bartreng (City Concorde), zu Esch/Uelzecht (Shopping-Center Belval Plaza) an zu Miersch (Shopping-Center Topaze).