09 Oct 2014

Wa Schéinheet mol eng Kéier net nëmme vu banne kënnt…

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Sech et mol nees eng Kéier richteg gutt goe loossen: Bei “Elle Tao” kënnt Dir den Alldag vergiessen an Iech ganz de fleegenden Hänn vun der Isabelle Symolka an hiren dräi sympathesche Kolleginnen uvertrauen. D’Schéinheetsinstitut gëtt et schonns zënter 2002 um Briddel, zënter 2013 awer an neie Raimlechkeeten… ganz schick a mat guddem Goût ageriicht!

Si bidde manuell an apparativ Kosmetik un, dorënner och Hautanalysen, Manucure, Pedicure, Epilatioun, Anti-Ageing a villes méi. An deenen zouene Behandlungsraim kann ee bei Elle Tao sou richteg entspanen. Mee net nëmmen d’Ambiance an d’Behandlung sinn éischtklassesch, mee och d’Produiten, déi si benotzen: Si schaffe mat der däitscher Premiummark “Babor”.

Déck opdroen heescht net ëmmer , dass et gutt ass: Bei Elle Tao gitt Dir a Saachen Event-Make up (zum Beispill fir Hochzäiten) beroden a kritt och allgemeng Schminkberodung ugebueden am Kader vu klengen Evenementer. Datumen a speziell Offere fannt Dir op Facebook.

Good Idea : Am Kader vun de sougenannten "Mini-Wellness-Deeg" kritt een als Client e gudden Abléck an d'Servicer  vun Elle Tao: Während 2 Stonne gitt Dir all 30 Minutte vun enger anerer Schéinheetsexpertin behandelt.

Elle Tao


89, rue de Luxembourg
L-8140 Bridel

 +352 26 33 00 44
 +352 26 33 00 45

 elletao@pt.lu
 
 Op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • Christine Schröter: 2014-10-09 21:35:30
    Ein traumhaft schönes Institut. Edel und extravagant eingerichtet. Die Mitarbeiterinnen sind sehr freundlich und höchst kompetent. Unbedingt ausprobieren- einfach Wellness pur!
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché