26 May 2015

Äre Wellnessdag an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Eng kleng Lëftche ass den Hiwwel erop ze spieren … mir stinn op der Terrass vum Hotel “Eden au Lac” a genéissen d’Vue op Iechternach an d’Ëmgéigend. Haut si mer Gaascht fir een Dag an dësem Lëtzebuerger Traditiounshaus a starten den Dag mat engem gudde Muereskaffi.

Da geet et lass op e Vëlostour. Déi passend Mountainbiken, fir déi Kleng Schwäiz z’exploréieren, kann een am “Eden au Lac” lounen. Mëttes gëtt et am Restaurant vum Hotel liicht franséisch Kichen à la carte. Duerno ass Entspanung ugesot: e Wellness-Nomëtteg am impressionnanten 1500 m² grousse Spa vum “Eden au Lac”. Fir Dagesgäscht si Vestiairen an Dusche virgesinn. An där moderner Anlag fënnt een ë.a. e Caldarium, en Hammam, eng finnesch Sauna, eng Tuli-Sauna a Whirlpoolen. E Bannen- a Baussebaseng mat Sonnenterrass grad wéi e modern equipéierte Fitnessraum mat 16 Apparater completéieren d’Offer.

De Physiotherapeut a Fitnesscoach Pawel steet Iech bei Froen zur Verfügung a bitt verschidde Massagen un. Fir déi kleng Vakanz ofzeschléissen, gënne mer eis nach e Candlelight-Dinner mat Vue op Iechternach! Romantesch!

Good Idea : Am Eden au Lac kënnt Dir dank enger super Wellnessoffer e wonnerschéine Vakanzendag verbréngen. Wien et gär ganz individuell hätt, dee kann d'Spa Suite lounen!

Hotel Eden au Lac


Nonnesees
L-6474 Echternach

 +352 72 82 83
 +352 72 81 44

 edenlac@pt.lu
 
 24h/24
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché