08 Feb 2014

Schwammen an Entspanen am Süden

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

De Süde vu Lëtzebuerg huet zwar keng Plagen ze bidden, mee dofir awer eng fuschnei a ganz schick Schwämm: “Aquasud Differdange”. Op méi wéi 10.000 m² Gesamtfläch erwaart Iech vill Spaass beim Schwammen, ausserdeem vill Wellness- a Fitnessofferen.

Generéis Waasserfläche mat ënner anerem engem Wëllwaasserkanal, engem Baseng fir ze entspanen an enger Rutsch. Zum Deel kann ee souguer och ënner fräiem Himmel schwammen. Informéiert Iech bei Aquasud iwwer hir grousss Offer u Coursen, wéi z.B. Aquagym.

E moderne Fitnesszentrum kritt Iech och am Dréchnen un d’Schweessen. Loosst am grousse Wellnessberäich Alldag a Stress hannert Iech: Ënner anerem waarden eng finnesch Sauna, eng Feiersauna, e Whirlpool , Erliefnesduschen, eng Aromasauna an en Dampbad op Iech!

Copyright Fotoen: Claude Piscitelli

Good Idea : Wie méi dacks vun der Wellness- a Fintnessoffer profitéiere wëllt, sollt sech déi verschidden "PASS"-Aboe fir de Mount ukucken. Dat lount sech bestëmmt!

Schwammen an Entspanen am Süden


1, rue Jeannot Kremer
L-4671 Oberkorn

 +352 27 32 83 1

 info.aquasud-differdange@vert-marine.com
 
 Méindes bis freides vun 9 bis 21 Auer. Samschdes, sonndes a feierdeegs vun 9 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Folgueira corinne: 2014-06-16 10:23:30
    Super concept
  • Costa Ana: 2014-04-30 11:28:59
    La personne qui trouve que les tarifs sont élevés devraient comparé aux prix qui se pratiquent dans des établissements similaires au Luxembourg ou même à l'étranger.
  • colla aline: 2014-02-18 16:32:47
    Les tarifs sont assez élevés!!!
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché