04 Oct 2013

Casper’s Climbing Shop

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dir wëllt ganz no uewen an an engems den Alldag hannert Iech loossen? Dat ass alles eng Fro vun Equipement! Kloteren an Outdoor-Sport si ganz IN. Bouldering (Kloteren ouni Seeler u klenge Fielsen) ass besonnesch bei jonke Leit beléift.

Casper’s Climbing Shop, en neit Geschäft an der Hollerecher Strooss an der Stad, bitt Iech déi passend Ausrüstung a Gezei fir ze kloteren, fir Trekking an aner Outdoor- Sportaarten. Ob Ufänger oder Fortgeschrattenen, ob Mann oder Fra, de Casper an seng Equipe suerge mat kompetenter Berodung dofir, dass Dir bis ganz uewen un d’Spëtzt kommt.

Den éischte Kloter-Shop vu Lëtzebuerg dierft och d’Clienten aus der Groussregioun unzéien, well déi héichwäerteg Offer u Marke sicht senges Gläichen an ass bei den Amateure vum Klotere ganz beléift.

Good Idea : Dir kënnt un enger Kloterwand am Geschäft Schong testen, ier Der se kaaft oder och gratis trainéieren. Trainingsunitéite gi méindes vun 19 Auer un ugebueden.

Casper’s Climbing Shop


81-83, rue de Hollerich
L-1741 Luxembourg

 +352 661 661 200
 +352 27 86 04 31

 info@caspersclimbingshop.com
 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché