10 Jun 2015

Centre aquatique Krounebierg

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

An der Mëtt vum Land huet d’Stad Miersch eng Piscine, an där Sport, Entspanung a Wellness kombinéiert ginn. Eng ideal Plaz fir d’ganz Famill. An deem Zentrum ginn eng ganz Rei vun Aktivitéiten ugebueden.

Dir fannt do eng Piscine mat zwéigrousse Basengen an engem klengen, eng Rutschbahn an e Solarium. Wann Dir léiwer e bëssche relaxe wëllt, dann ass den Wellnessberäich dat Richtegt fir Iech. E Jacuzzi, en Dampbad, e puer Saunaen, eng Bänk fir Massagen, speziell Duschen an eng Sauna Bar sinn do fir äre Pleséier.

Fir déi méi sportlech ënnert eis, bitt den Zentrum um Krounebierg eng ganz Rei Couren un: Aqua-jogging, Aqua-fitness, Aqua-relaxatioun, Aquapower oder einfach Schwammen. Ronderëm den Zentrum gëtt et villes fir déi kleng Gäscht z’ameséieren: Waasserspiller, Sprangbueren, an och e puer Volley-ball Terrainen.

Mir wëssen, datt d’Schwammen hongereg mécht ! Duerfir gëtt et um Krounebierg och e Restaurant. Wann Dir ouni eppes dohinner kommt, da kënnt der an engem klenge Buttek all méiglech Saache fir d’Schwämm kafen.

Good Idea : E komplette Schwammzentrum an der Natur fir d'ganz Famill!

Centre aquatique Krounebierg


14, rue de la Piscine
L-7572 Mersch

 +352 32 88 23 1

 info@krounebierg.lu
 
 Ëffnungszäiten op hirem Internetsite.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • patrick: 2012-01-30 11:49:15
    Piscine très agréable et pratique! Personnel très très très sympathique. Je suis séduit par ces locaux magnifiques et l'architecture est top. Vraiment sympa, ca change des autres piscines!
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché